arrow_back_ios
Klassik aktuell
Eng nei Destinatioun
Nom Start an déi nei Saison gëschter Owend an der Philharmonie ass et haut den Départ vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg fir déi éischt Südamerika-Tournée a senger Geschicht. Eng nei Destinatioun mat der Découverte vun neie Concertssäll a Brasilien, am Uruguay a virop an Argentinien. Mir hunn eis mam Jo Kox, éischte Conseiller am Kulturministère, a mam Direkter vum OPL, dem Stefan Gehmacher, iwwert d'Wichtegkeet an d'Erausfuerderunge vun dëser Tournée ënnerhalen.