arrow_back_ios
Klassik aktuell
Kaleidoskop
Hausconcerte bei Komponisten doheem hunn eng laang Traditioun an der Museksgeschicht. An Zäiten, wou et déi grouss Concertssäll nach net gouf, war et eng vun deene wéinege Méiglechkeeten, nei Wierker ze presentéieren. De Camille Kerger huet dës Traditioun opgegraff an invitéiert Solisten an Ensemblë quasi bei sech an d'Stuff. E Sonndeg ass et den Ensemble Lucilin, deen och deen neie Sträichquartett " Kaleidoskop " uropféiert.