Klassik aktuell
Dem Vivaldi seng Musek als Ballet
Et kann ee sech gutt virstellen datt een op d'Geieconcerti vum Italienesche Meeschter Vivaldi, danze kéint. Mee ganz Choreographien, an dem s een och gewëssen Emotiounen aus de Joreszäiten erabréngt, ass schonns méi aussergewéinlech. Zwee Choreographen hu sech dëst als Aufgabe ginn fir de Projet "Vivaldi Variations", deen am Stater Theater de 25. a 26. September 2019, virgestallt gëtt. Den Orchestre de chambre du Luxembourg sëtzt an der Fosse an op der Bühn ass di Italienesch Trupp "Spellbound Contemporary Ballet", ze gesinn.
De Manuel Ribeiro huet sech mam Choreograph Jean-Guillaume Weis ënnerhalen. Eng Soirée an zwee Deeler.