Mat der Nuit d'Orgue steet e Samschdeg, den 28. September den éischte Concert am Kader vum Internationalen Uergelfestival vun Diddeleng op der Affiche. Ze héieren si véier Kathedralsorganisten aus véier verschiddene Länner, déi noenee Musek aus hirer Heemescht presentéieren.
arrow_back_ios