arrow_back_ios
Klassik aktuell
Wäiss a Schwaarz
E musikaleschen Universum, dee vun der Komplexitéit dominéiert gëtt. Dat gëllt beim György Ligeti och fir déi mi kleng Stécker. D'Cathy Krier spillt e Sonndeg an der Emissioun Wäiss a Schwaarz dräi Etüde vum Komponist um 100,7-Fligel a gëtt mat Tounbeispiller en déiwen Abléck a seng Musek an a seng Inspiratiounen.