arrow_back_ios
Klassik aktuell
30 Joer Solistes Européens, Luxembourg
Den Owend ass an der Philharmonie den Anniversairesconcert fir 30 Joer vun de Solistes Européens. Nieft dem Orchester sinn och véier Solisten an de Choeur de Chambre de Luxembourg mat op der Bühn. Um Programm steet déi 9. Symphonie vum Beethoven an och nach e kuerzt Stéck vum Arnold Schönberg als Kontrast: Ein Überlebender aus Warschau. De Generaldirekter vun de Solistes Européens, Luxembourg, Eugène Prim, an de Chefdirigent Christoph König hunn op dem Manuel Ribeiro seng Froë geäntwert.