Klassik aktuell
Och Insekte maache Musek
Fir säin Insektenzyklus fir Sopran, Klarinett a klassesch Gittar huet de Claude Lenners sech op Texter vun Auteure wéi ënner anerem de Lambert Schlechter, William Shakespeare oder Günter Grass baséiert. An enger Zäit wou an Däitschland 80 Prozent vun den Insekte verschwonne sinn, huet dëst Stéck awer net onbedéngt en ekologesche Message, mee ass éischter als Metapher ze verstoen. Muer Mëttwoch, 2. Oktober 2019, um 19:00 Auer ass an der Salle Polyvalente vum Stater Conservatoire dësen Insektenzyklus ze héieren. De Manuel Ribeiro huet sech mam Claude Lenners ënnerhalen.