arrow_back_ios
Klassik aktuell
Eng Museksdegustatioun
Muer (10.10.2019) start an der Philharmonie déi nei Concertsserie Midis baroques. An der Mëttesstonn invitéiert d'Anne-Catherine Bucher de Publikum ronderëm den Cembalo a proposéiert während ronn 50 Minutten eng Degustatioun vu Barockmusek. D'Thema vun dësem éischte Midi baroque ass La Belle Nature.
De Luc Boentges huet mat der Anne-Catherine Bucher iwwer d'Konzept hanner dëser Degustatioun, d'Thema an d'Erfarunge geschwat, déi d'Cembalistin während dem Concert vermëttele wëllt.