Klassik aktuell
Vox Clamantis
E Sonndeg (13.10.2019) ass deen éischte vun insgesamt dräi Concerten am Kader vun den Dimanches du Chant Grégorien an der Abtei zu Klierf. D'Ouverture vun dësem Minifestival mécht Vox Clamantis. Dëse Vocalensembel, deen 2013 en Diapason d'Or an 2014 e Grammy gewonnen huet, proposéiert nieft gregorianesche Gesäng och polyphon Stécker aus dem Mëttelalter.
De Luc Boentges huet mam Jaan-Eik Tulve, dem Dirigent a Grënner vu Vox Clamantis iwwer den Ensembel, de Programm a seng Vue iwwer d'Spiritualitéit an der Musek geschwat.