Europa Aktuell
Anti-Macron Vott am Europaparlament
Déi nei Equipe vun der zukünfteger EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet Start-Schwieregkeeten. Nodeems schonn zwee designéiert EU-Kommissären vum Europaparlament refuséiert goufen, muss elo och Frankräich eng nei Kandidatin proposéieren. Gëschter krut d'Sylvie Goulard keng gréng Luucht vum Parlament fir EU-Kommissärin fir de Bannemaart an d'Defense ze ginn. De Vott ass eng Blamage fir de franséische President Emmanuel Macron a fir déi nei Cheffin vun der Kommissioun. D'Danièle Weber kuckt op de Feelstart vum Team von der Leyen zeréck.