arrow_back_ios
Europa Aktuell
Sylvie Goulard fält am Europaparlament duerch den Hearing
De Vott géint déi franséisch Kandidatin Sylvie Goulard, déi EU-Kommissärin hätt sollte ginn, ass eng Blamage fir de franséische President Emmanuel Macron. Fir déi designéiert Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen gëtt et elo enk, hiren Zäitplang anzehalen. Muss de Jean-Claude Juncker nach méi laang un der Spëtzt vun der Kommissioun bleiwen? A wat ass eigentlech gëschter am Parlament geschitt? Eng Aschätzung vun eiser Europa-Korrespondentin Danièle Weber.