arrow_back_ios
Klassik aktuell
E musikaleschen Aperitif an eng Frell
E Sonndeg, den 20. Oktober steet am Kammermusekssall vun der Philharmonie deen éischte Concert Apéritif vun dëser Saison op der Affiche. Am Mëttelpunkt vum Programm steet dem Franz Schubert säi Forellenquintett. E Stéck, dat liicht a lëschteg kléngt, dat fir d'Museker awer eng Erausfuerderung ass.
De Luc Boentges huet mam éischte Geiist aus dem Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg Philippe Koch iwwer d'Serie an de Concert e Sonndeg geschwat.