De Stater Conservatoire kritt en neit Instrument. Wat am Mäerz während der Semaine des Cordes op enger Wierkbänk mat Holzstécker ugefaangen huet, ass elo eng fäerdeg Barock-Gei. Haut den Owend (11.10.2019) um sechs Auer gëtt dës Gei dem Conservatoire bei enger Seance Academique iwwerreecht. En Instrument, dat den zaarten Ufank vun engem Departement fir al Musek kéint sinn.
arrow_back_ios