Klassik aktuell
D'Kinnigin vun der Nuecht als Patientin
Den nächste Weekend (18.10./20.10.2019) proposéiert de Stater Conservatoire zweemol déi kleng Zauberflütt, eng gekierzte Fassung vum Wolfgang Amadeus Mozart senger bekannter Oper. E Freideg an e Sonndeg verkierperen d'Studenten aus der Classe d'art lyrique Protagoniste wéi d'Kinnigin vun der Nuecht oder de Papageno, allerdéngs net am gewinnten Ëmfeld. D'Oper spillt nämlech an enger Nerveklinik. De Luc Boentges war leschte Freideg an enger Prouf an huet mat de Professeschen Hélène Bernardy a Monique Simon iwwer dës Produktioun geschwat.