E Waffestëllstand an Nordsyrie gouf zu Ankara annoncéiert. Den amerikanesche Vize-President Mike Pence war vum Donald Trump an d'Tierkei geschéckt gi fir d'Kämpf tëschent der Tierkei an de syresche Kurden ze stoppen. Den amerikanesche President sot, d'Annonce wier eng grouss Victoire fir d'Zivilisatioun.
Eise Korrespondent Philip Crowther mat Hannergrënn.