arrow_back_ios
Grousse Kino
Eng Mauer, jonk Mafiosi a vill Mënz
D'Equipe vum Grousse Kino kuckt dës Woch eng leschte Kéier op de Festival CinEast zeréck an analyséiert dës dräi Neivirstellungen: "Fritzi eine Wendewundergeschichte", eng däitsch-lëtzebuergesch-belsch-tschechesch Koproduktioun vum Ralf Kukula a Matthias Bruhns, "La paranza dei bambini" vum Claudio Giovannesi, e Bléck op de Mafia-Nowues zu Neapel an "Hustlers" vun der Lorene Scafaria e Portrait vun dräi Stripperinnen.