Klassik aktuell
Die lustige Witwe
Dem Franz Lehár seng Operett "Die lustige Witwe", déi Ufank vum 20. Joerhonnert entsteet, ass e subtilt gesellschaftskritescht Wierk, dat seng eegen Epoch a Fro stellt. Zum Komponist senger Zäit gouf d'Operett iwwer 300.000 Mol opgeféiert, an haut gehéiert se zu de Klassiker vu villen Operenhaiser. En nächste Samschdeg (26. 10. 2019) huet "Die lustige Witwe" an enger Neiinzeenéierung Première zu Saarbrécken am Staatstheater. De Manuel Ribeiro huet mam Regisseur Aron Stiehl geschwat.