arrow_back_ios
Klassik aktuell
Eng Festwoch fir den Anniversaire
Mam Anton Bruckner senger 7. Symphonie an der Abtei Sankt Maximin geet iwwermuer Sonndeg (27.10.2019) d'Festwoch fir den 100. Anniversaire vum Philharmoneschen Orchester Tréier op en Enn. Zanter 2005 huet den Orchester dësen Numm, een Orchester, deen nom Zweete Weltkrich an den Theater zu Tréier integréiert gouf an nieft Symphonieconcerten och fir Oper, Musical a Ballet zoustänneg ass.