De 14. November 2019 gëtt dem Leopold Mozart säin 300. Gebuertsdag gefeiert. D'Stad Augsburg, d'Heemechtsstad vum Komponist, huet besonnesch vill Eventer geplangt. Vum Leopold Mozart hu mir duerch Theaterstécker a Filmer en deels falscht Bild. A véier Episode beliicht de Manuel Ribeiro, zesumme mam Simon Pickel, Musekswëssenschaftler a kënschtleresche Leeder am Mozart-Büro zu Augsburg, wien de Leopold Mozart wierklech war.
arrow_back_ios