Europa Aktuell
Nees Verhandlungen iwwer Securité Sociale Systemer an der EU
6 min
An der EU gëtt dru geschafft, d'Systemer vun der Sécurité sociale ënner de Memberlänner ze koordinéieren. Am Mäerz war zwar ee Kompromëss fonnt ginn, dee gouf awer um Enn vun e puer Länner blockéiert. Lëtzebuerg ass och dogéint.
Elo sollen d'Gespréicher erëm opgeholl ginn. Zu deene Punkten, déi nei verhandelt ginn, gehéiert och deen, dee Lëtzebuerg am meeschte beweegt: d'Ausbezuele vu Chômage-Indemnitéite fir Frontalieren.
Duerch dat neit EU-Gesetz kéinten tëschent 50 an 100 Milliounen Euro pro Joer zousätzlech Käschten op de Staat zoukommen.
Gëtt et elo nei Propose fir ee Kompromëss?
D'Danièle Weber huet mat der Europadeputéiert Gaby Bischoff geschwat. Déi däitsch SPD-Politikerin féiert d'Verhandlungen zu Bréissel am Numm vum Parlament.