Europa Aktuell
Europaparlament nach net iwwerzeegt vun Accord mat Vietnam
6 min
Am Europaparlament gëtt den Ament iwwer den Handelsaccord tëschent der EU an dem Vietnam diskutéiert. Deen Accord gouf zwar schonn am Summer ënnerschriwwen. Fir datt en a Kraaft triede kann, muss awer d'Parlament Jo dozou soen. Elo appelléiert déi vietnamesesch Zivilgesellschaft, datt et nach waarde soll, éier et säin Accord gëtt. Déi vietnamesesch Regierung géif ëmmer méi haart géint déi Leit virgoen, déi sech fir d'Mënscherechter asetzen, sou de Reproche.
Een Deel vum Europaparlament gesäit dat och esou, wéi een Debat gëschter zu Bréissel gewisen huet. Detailer vum Danièle Weber.