Klassik aktuell
Eng Iwwerraschung fir den Abschied
Gebuer ass de Gary Muller 1955. Hien huet, éier hie sech fir de Piano interesséiert huet, Klarinett geléiert. Nom Pianosstudium beim Alexander Mullenbach ass de Gary Muller op Stroossbuerg gaange fir sech ze perfektionéieren. Seng éischt Etappen als Enseignant waren Ettelbréck an Iechternach, dono kënnt de Pianist an de Stater Conservatoire. Zanter dem 1. Oktober ass de Gary Muller pensionéiert. Enseignanten a Musekerkolleegen hu fir muer den Owend am Stater Conservatoire um 20:00 Auer e Concert surprise fir de Gary Muller organiséiert.