arrow_back_ios
Klassik aktuell
Les Trois Mains
En e bësse méi ongewéinleche Concert steet haut den Owend (13.11.2019) am Stater Conservatoire op der Affiche. Während d'Stécker um Programm alleguerten aus dem Barock kommen, ënnerscheede si sech duerch d'Instrumenter, op deene se interpretéiert ginn. D'Anne Galowich an den Nicolas Marzinotto proposéieren nämlech eng Opféierung, bei där gläichzäiteg e Piano an en Cembalo ze héiere sinn.
Wéi genee dat funktionéiert, doriwwer huet de Luc Boentges mat der Cembalistin Anne Galowich geschwat.