arrow_back_ios
Klassik aktuell
Klangspigelungen
Wéi kléngt d'Philharmonie? Eng Fro, op déi jidder Meloman seng Äntwert huet, seng Experienz no engem Concert an engem vun den dräi Säll. Wéi kléngt d'Philharmonie - déi Fro huet sech och d'Nikka Schmitt gestallt, an d'Kënschtlerin kënnt mat hirer Installatioun "Echotrope", déi si fir de Festival Rainy Days gemaach huet, zu engem ganz spannende Resultat: vilfälteg Klangspigelungen.