arrow_back_ios
Klassik aktuell
Eng Kantat ënner der Lupp
Den Ensembel Ad Libitum feiert déi ganz Saison iwwer säin 20. Gebuertsdag mat engem Bach-Kantaten-Zyklus. E Sonndeg um 4 Auer ass an der Protestantescher Kierch deen nächste Concert an dëser Serie mat der Kantat "Mache dich, mein Geist, bereit". De Concert ass an zweegedeelt, mat an der Mëtt engem Commentaire vum Pierre Schwickerath.
De Luc Boentges huet de Rosch Mirkes, den Direkter vun Ad Libitum, an de Studio invitéiert, fir méi iwwer dëse Concert gewuer ze ginn.