Klassik aktuell
Oedipe Redux am Kulturzenter OpderSchmelz
De George Enescu gëllt haut nach als den Nationalkomponist a Rumänien. "Oedipe" ass déi eenzeg Oper, déi hie geschriwwen huet. 1936 gouf se zu Paräis am groussen Operenhaus uropgeféiert. De Rumän Lucian Ban an och den Amerikaner Mat Maneri si vum Enescu senger Oper esou faszinéiert, datt si virun e puer Joer de Projet haten, d'Oper fir aacht Jazzmuseker ëmzeschreiwen. "Oedipe Redux" ass am Kader vum Festival Touch of Noir den Dënschdeg 19. November 2019 um 8 Auer zu Diddeleng am Kulturzenter OpderSchmelz ze héieren.
De Manuel Ribeiro huet mam Pianist Lucian Ban geschwat.