Klassik aktuell
"Diplôme de Concert" am Escher Conservatoire
Jiddwereen huet vun Diplome wéi dee vum 1. Präis oder vum Superieur héieren. Mee et gëtt nach eng Stuf driwwer, en Examen, deen een och hei am Land maache kann, am Escher Conservatoire. Zwee Kandidaten, déi e professionelle Niveau opzeweisen hunn, stelle sech enger Jury a Form vun engem ëffentleche Concert. D'Tania Mousel an de Cyprien Keiser, allebéid Studenten am Escher Conservatoire, maachen de Samschdeg 23. November dësen "Diplôme de Concert".
De Manuel Ribeiro huet mam Direkter vum Escher Conservatoire, dem Marc Treinen, geschwat.