Dräi Joer viru sengem Doud komponéiert de Bach säi Musikalescht Affer op Basis vun enger Melodie, déi him de Kinnek vu Preußen Friedrich II virgespillt huet. Dës Melodie huet esou e staarke Charakter, datt sech de Mozart an de Beethoven dorun inspiréiert hunn. D'Spueren dovu kann een an hire Partituren erëm fannen.
De Pianist Jean Muller deckt dës Tracen e Méindeg, den 2. Dezember um 19 Auer, an engem kommentéierte Concert am Studio 8 vum radio 100,7 op. Um Programm stinn dem Bach säi sechsstëmmege Ricercar aus dem Musikaleschen Affer an dem Beethoven seng Sonat Nr. 32, Opus 111.
Plaze kann een iwwer d'Telefonsnummer (+352) 44 00 44 1 reservéieren.