arrow_back_ios
Klassik aktuell
De CAPE verwandelt sech an en Operenhaus
Leschte Samschdeg (23.11.2019) stoung dem Giacomo Puccini seng Oper Madame Butterfly am Centre des Arts Pluriels zu Ettelbréck um Programm. Fir datt sech de CAPE wärend de Stonne vun der Opféierung an en Operenhaus verwandele kann, ass eng grouss Organisatioun am Hannergrond néideg. De Luc Boentges war leschte Freideg am CAPE an huet e Bléck hanner d'Kulisse geworf.