Bei der Gala des Lauréats kréien eng Partie Studenten aus deene dräi Lëtzebuerger Conservatoiren, déi den Diplom Supérieur hunn, d'Méiglechkeet mat engem professionellen Orchester opzetrieden. Dëst Format ass virun e puer Joeren nees reaktivéiert ginn op Initiativ vum Majouer Jean-Claude Braun, Dirigent vun der Militärmusek. En nächste Freideg (29 11.2019) spillen fënnef Museksstudenten als Solist mat der Militärmusek am Kulturzentrum OpderSchmelz zu Diddeléng.
arrow_back_ios
Klassik aktuell
Eng Bühn fir jonk Museker
