Klassik aktuell
De Paradoxon vum "Sound of Silence"
De Festival fir zäitgenëssesch Musek rainy days steet dëst Joer ënner dem Thema "less is more". Dësem Sujet geet een an der Philharmonie awer net nëmme musikalesch op de Fong, mä och mat Konferenzen. E Freideg (29.11.2019) iwwerhëlt d'Tatjana Mehner ee vun de fënnef Exposéen a proposéiert eng Diskussioun iwwer "Das Sound-of-Silence-Paradoxon".
Wat genee ee sech dorënner virstelle kann, a wéi eng Sujeten do dernieft behandelt ginn, verréit d'Musekswëssenschaftlerin a Mataarbechterin an der Philharmonie Tatjana Mehner am Interview mam Luc Boentges.