arrow_back_ios
Klassik aktuell
Le Petit Prince
All Joer mécht d'Opéra Metz-Métropole e Projet zesummen mam Kinneksbond Mamer. Beim Spectacle "Le Petit Prince" nom Wierk vum Antoine de Saint-Exupéry handelt et sech eng Hauskreatioun vun der Metzer Oper, an däer den Orchestre de Chambre du Luxembourg an der Fosse sëtzt. No de Virstellunge zu Metz am Abrëll kënnt de Projet fir de 5. an 6. Dezember an de Kinneksbond op Mamer.