arrow_back_ios
Klassik aktuell
4 Sträicher an eng Klarinett
Um Programm vum nächste Concert-apéritif mat Museker vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg stinn zwee Komponisten, déi an hire jonke Jore lieweg Faarwen an hir Musek erabruecht hunn: de Felix Mendelssohn Bartholdy mat senge Sträichquartetter opus 44 an de Carl-Maria von Weber mat sengem Klarinettequintett. Op der Bühn vum Kammermusekssall vun der Philharmonie e Sonndeg (08.12.2019) sinn de Klarinettist Jean-Philippe Vivier an de Quatuor Pensis ze héieren.