arrow_back_ios
Klassik aktuell
De Pier an de Wollef
De Pier an de Wollef ass wuel dat bekanntste Wierk vum Sergei Prokofjew. Op der ganzer Welt opgeféiert, huet dës musikalesch Erzielung och zu Lëtzebuerg Traditioun. Nodeems de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg d'Wierk 2003 well eng Kéier opgeholl hat, ass et elo un der Zäit fir eng nei Editioun. Dës Kéier mam Erzieler Serge Tonnar.