arrow_back_ios
Klassik aktuell
"Mein grösstes Werk"
De Carus-Verlag an déi däitsch Bibelgesellschaft hunn eng nei Serie lancéiert "Wort-Werk-Wirkung". An engem handleche Format ginn déi grouss Kompositioune vun der Sakralmusek aus ënnerschiddleche Perspektiven ënner d'Lupp geholl: musikalesch Strukturen, theologesch Hannergrënn an d'Receptiounsgeschicht. Den Ufank mécht - passend zum Beethoven-Joer 2020 - d'"Missa solemnis" vum Bonner Meeschter.