arrow_back_ios
Klassik aktuell
Ee vun deene ganz Groussen
Als Solist an de Bach-Oratorien, als Mozart-Sänger an als Lied-Interpret: Iwwer 40 Joer laang huet de Peter Schreier Melomanen uechter d'ganz Welt begeeschtert - een Tenor, deen nie Gedäisch ëm sech a seng Stëmm gemaach huet. Virgëschter ass de Peter Schreier am Alter vu 84 Joer zu Dresden gestuerwen, do wou seng Carrière ugefaangen hat.