arrow_back_ios
Fräie Mikro
Mobilitéitsnäid
Jiddwereen erhieft Usproch op Mobilitéit. Séier, confortabel a flexibel. Mee d'Zesummeliewen an d'Virukomme ginn ëmmer méi komplizéiert. Do spillen dann d'Emotiounen an d'Subjektivitéit d'Haaptroll, an de perséinlechen Interêt kënnt virum kollektiven Denken. Sou kënnt et noutgedrongen zu ongesonden Niewewierkungen, wat d'Isabelle Medinger, Directrice vun der Sécurité Routière, als Mobilitéitsnäid bezeechent.