Dräi Joer viru sengem Doud komponéiert de Bach säi Musikalescht Affer op Basis vun enger Melodie, déi him de Kinnek vu Preußen Friedrich II virgespillt huet. Dës Melodie huet esou e staarke Charakter, datt sech de Mozart an de Beethoven dorun inspiréiert hunn. D'Spueren dovu kann een an hire Partituren erëmfannen.
De Pianist Jean Muller deckt dës Tracen e Sonndeg (12.01.2020) um 14 Auer an der Emissioun Wäiss a Schwaarz op. Um Programm stinn dem Bach säi sechsstëmmege Ricercar aus dem Musikaleschen Affer an dem Beethoven seng Sonat Nr. 32, Opus 111.