arrow_back_ios
Klassik aktuell
"Meine Seufzer, meine Tränen"
E Sonndeg (19.1.2020) interpretéiert den Ensembel Ad Libitum dem Johann Sebastian Bach seng Kantat "Meine Seufzer, meine Tränen" an der protestantescher Kierch an der Stad. De Rosch Mirkes dirigéiert den Ensembel a proposéiert tëschent den zwou Opféierunge vun der Kantat eng Aféierung an d'Wierk. De Luc Boentges huet de Rosch Mirkes an de Studio invitéiert, fir méi iwwer dëst emotionaalt Wierk gewuer ze ginn.