Europa Aktuell
Keng Sue vum Green Deal an d'Atomkraaft
Atomkraaft kann hëllefen de Klimawandel ze bekämpfen. Där Meenung si verschidde Länner an der Europäescher Unioun. Si hoffen op Suen vu Bréissel, fir dee Beräich auszebauen, fir op deem Wee hir Klimaziler ze erreechen. Dat wäert net geschéien, seet den Frans Timmermans, Vizepresident vun der Europäescher Kommissioun am 100,7-Interview. D'Atomenergie ass keng nohalteg Energiequell a wäert och net am Kader vum europäesche Klimapakt finanzéiert ginn,
D'Danièle Weber hat zu Bréissel Geleeënheet mam EU-Kommissär, deen zoustänneg fir de Green Deal ass, ze schwätzen.