arrow_back_ios
Fräie Mikro
Radio als Service public
Wéi kann een e Radio verstoen, deen als Service public funktionéiere soll? Oder anescht gefrot: wat ass den Ënnerscheed tëschent engem privaten, kommerziellen Radio, an engem ëffentlech-rechtlechen Radio? Hei treffen, och am Kader vun enger Demokratie, verschidde Siichten openeen, déi, wann ee genee hikuckt, net onbedéngt esou kompatibel sinn, wéi et munchmol duergestallt gëtt, mengt de Psychanalyst an Auteur Thierry Simonelli.