arrow_back_ios
Klassik aktuell
Eng Uropféierung mat der Militärmusek
Déi nächst Woch (29.1.2020) interpretéiert d'Militärmusek d'Welt-Uropféierung vum Adjudant Georges Sadeler sengem Duebelconcerto fir Sopran-Saxophon an Euphonium. Dëst Wierk steet e Mëttwoch am Kader vun engem Concert de Bienfaisance fir d'Special Olympics Luxembourg um Programm, mat der Bedeelegung vu Schüler aus de Lëtzebuerger Conservatoiren.
De Luc Boentges war bei enger Prouf dobäi an huet mam Komponist Georges Sadeler iwwer säin neit Wierk geschwat.