arrow_back_ios
Klassik aktuell
Déi gëlle Barock-Ära
Eent vun den Instrumenter, déi ee gäre mat Barock verbënnt, ass d'Trompett. De Pierre Kremer huet eng Partie Transkriptioune fir Trompett vu Concerti vum Albinoni, Bach a Marcello op Disk mam Titel "L'âge d'or de la musique baroque" agespillt. Dirigent ass de Carlo Jans, deen hei zwee Orchesteren zur Verfügung hat: de Lettesche Philharmoneschen Orchester an den Estro Armonico.