Europa Aktuell
EU-Klimapakt: Net ouni d'Baueren
Méi Klimaschutz geet net ouni d'Landwirtschaft. Dat gëtt dacks betount. Op europäeschem Niveau gëtt den Ament allerdéngs éischter getrennt geplangt: Engersäits ass d'Reform vun der Agrarpolitik amgaang, anerersäits gouf de Klimapakt presentéiert. Béides huet vill mam europäesche Budget ze dinn, iwwer deen extra diskutéiert gëtt an iwwer deen ee sech bis elo guer net eens gëtt. Enner anerem d'Kierzungen am Beräich vun der Agrarpolitik si staark ëmstridden. Méi maachen a manner Suen kréie geet net - dat hu gëschter zu Bréissel d'Landwirtschaftsministeren aus de Memberlänner betount.
D'Danièle Weber mat Hannergrënn iwwer déi verschidden Diskussiounen, déi parallel geféiert ginn.