Europa Aktuell
Time to say Good bye
Its's time to say goodbye - et ass Zäit fir Äddi ze soen - dat gëllt fir déi 72 brittesch Europadeputéiert, déi hir lescht Woch am Europaparlament erliewen. Vun e Samschdeg un ass Groussbritannien net méi Member vun der Europäescher Unioun. Haut stëmmt d'Europaparlament iwwer de Brexit-Accord of, an et gëtt domat gerechent, datt eng grouss Majoritéit mat Jo stëmmt. Domat ass et dann esou wäit: De Brexit gëtt Realitéit. Dono sinn am Europäesche Parlament keng Britte méi vertrueden. D'Danièle Weber iwwer een deels ganz emotionalen Äddi dës Woch am Europaparlament.