Klassik aktuell
Eng Première fir Lëtzebuerg
Komponist, Sammler vu Vollekslidder an Alpinist: de Leone Sinigaglia (1868-1944) ass eng markant a bedeitend Perséinlechkeet am italieneschen an europäesche Museksliewen an der Spéitromantik. An awer ass de Komponist, deen am Opereland Italien ausschliisslech Instrumentalmusek geschriwwen huet, aus dem Repertoire verschwonnen. Duerch een Zoufall huet de Geiist Darko Milowich dem Sinigaglia seng Musek entdeckt. De Museker vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg ass antëschent e Sinigaglia-Spezialist a promouvéiert op der Universitéit Lëtzebuerg iwwer de Komponist. Muer de Mëtteg (31.1.2020) gëtt fir d'éischt Kammermusek vum Sinigaglia zu Lëtzebuerg gespillt.