Klassik aktuell
D'Dirigentin Corinna Niemeyer beim OCL
D'Corinna Niemeyer ass Cheffe assistante beim Rotterdam Philharmonic Orchestra an elo zu Gaascht beim Orchestre de Chambre du Luxembourg (OCL) fir e Concert muer den Owend (6.2.2020) am CAPE zu Ettelbréck. E weidere Gaascht ass den zweete Laureat vum Concours Reine Elisabeth, de Geiist Timothy Chooi, deen d'Partiture vum Mozart sengem 5. Geieconcerto an der Wallis huet. Weider spillt den OCL nach e Wierk vum Felix Mendelssohn Bartholdy a vum Francis Poulenc. De Manuel Ribeiro am Gespréich mat der Dirigentin Corinna Niemeyer.