arrow_back_ios
Klassik aktuell
La descente aux enfers d'Orphée
Den Tenor Reinoud van Mechelen kennt de Barockrepertoire bannen- a baussewänneg. Hien huet a senger nach jonker Karriär mat sämtleche bedeitende spezialiséierten Ensembelen zesummegeschafft a sech Villes vun de grousse Barock-Dirigenten ofgekuckt. Antëschent dirigéiert de Sänger vu Louvain säin eegenen Ensembel, A Nocte Temporis, mat deem hien e Sonndeg (9.2.2020) zu Luerenzweiler am Kader vun de Rencontres musicales de la Vallée de l'Alzette optrëtt.