Klassik aktuell
Titanen
Zwee grouss Amenter sinn iwwermuer Sonndeg an der Congresshalle zu Saarbrécken ze erwaarden: engersäits den Duo Katia a Marielle Labèque, anerersäits dem Gustav Mahler seng éischt Symphonie, "Titan". Zanter iwwer 45 Joer trieden déi franséisch Pianistinne Katia a Marielle Labèque als Duo op an hunn an där Konstellatioun virun allem eng Partie aner Geschwësterduoen inspiréiert, sech speziell mat dem Repertoire ze beschäftegen. Zu Saarbrécke spillen d'Katia an d'Marielle Labèque de Concerto fir zwee Pianoe vum Bohuslav Martinu. No der Paus dirigéiert de Pietari Inkinen, de Chefdirigent vun der Deutschen Radio Philharmonie, dem Gustav Mahler seng éischt Symphonie. De radio 100,7 iwwerdréit de Concert live vun 11:00 Auer un.