arrow_back_ios
Klassik aktuell
Marilyn Forever
Beim Giuseppe Verdi a Giacomo Puccini stinn dacks Fraecharakteren am Mëttelpunkt vun enger Oper. Eng tragesch awer grad esou spannend Fraefigur am 20. Joerhonnert war ouni Zweiwel d'Marilyn Monroe. Eng ideal Geschicht fir de Komponist Gavin Bryars, deen sech vum Klischee vun der naiver, schéiner Actrice distanzéiert. D'Oper vum Gavin Bryars, "Marilyn Forever", hat e Samschdeg (8.2.2020) an der Alten Feuerwache zu Saarbrécke Première a steet nach weider op der Affiche vum Saarbrécker Staatstheater.